Virwuert
Mueres nom Opstoe gi mer net aus dem Haus, ouni ee Bléck an de Spigel geworf ze hunn. De Spigel, an deen een all Dag kuckt, deen un der Mauer hänkt, deen am Lift ass, deen s de am Grapp häls, ass net just e Bild, dat duerch d’Liicht zeréckgespigelt gëtt, mee eng Interpretatioun vun eis selwer.
E weist eis d’Narben aus der Vergaangenheet oder och nach e Bléck an d’Zukunft. Wann dee Spigel ëmmer méi dréif gëtt an d’Reflexioun verschwëmmt, brauch et Stäerkt, fir sech net selwer ze verléieren. Deeg, Méint a Jore verginn. Mir kucken drop, mee kucke mer och dran?